Aller au contenu

Dateschutzerklärung

Dateschutzerklärung

Dëst ass e Website, dee vun LSAP Rëmeleng erstallt gouf.
Postadress:
LSAP Rëmeleng
53, rue d’Esch
L – 3721 RUMELANGE
Luxembourg
Mir kënne per E-Mail ënner info@lsap-rumelange.lu erreecht ginn.

Iwwert dës Erklärung:

Fir d’Notzung vun dësem Website ass d’Sammelen an d’Späichere vun engem strikte Minimum vun Daten erfuerderlech. Dës Dateschutzerklärung soll Opschluss doriwwer ginn, wat fir eng Date gesammelt ginn, firwat se gesammelt ginn a wat domat gemaach gëtt.

Fir d‘Inhalter vun dësem Website liesen ze kënnen, brauch ee KENG perséinlech Daten anzeginn.

Et ginn awer Informatiounen erfaasst, déi vun Ärem Browser an Ärem Internet-Provider z’erhale sinn, wéi zum Beispill Är IP-Adress, Äre Browser-Typ an Äre Betriebssystem.

Zougrëffsdaten & Logfiles

Mir, resp. eisen Host-Provider, erhiewen Daten iwwer all Zougrëff op de Server, op deem sech dësen Déngscht befënnt (sougenannte Serverlogfiles). Zu den Zougrëffsdate gehéieren de Numm vun der ofgeruffener Websäit, d‘Datei, den Datum an d’Auerzäit vum Ofruff, den iwwerdroene Datevolume, d’Meldung iwwert den erfollegräichen Ofruff, de Browsertyp mat Versioun, de Betriebssystem vum Notzer, d’Referrer URL (déi Säit, déi virdru besicht gouf), d’IP-Adress an de Provider.

Dëst ass e Standard op deene meeschte Websites an hëlleft Problemer z’erkennen, Feeler ze fannen an, falls erfuerderlech, dem Notzer ze hëllefen.

Logfile-Informatioune ginn aus Sécherheetsgrënn lokal gespäichert an dono geläscht. Daten, déi zu Beweiszwecker gehale musse ginn, gi bis zur endgülteger Klärung vum jeeweilege Virfall net geläscht.

Cookies

Als „Cookies“ gi kleng Dateie bezeechnet, déi um Computer vum Notzer gespäichert ginn. Innerhalb vun de Cookies kënnen ënnerschiddlech Donnéeë gespäichert ginn.  Et ginn temporär Cookies (Session-Cookies), permanent Cookies an Third-Party-Cookies.

Eng genee Erklärung iwwert de Funktionnement vu Cookies fënnt een op Wikipedia.

Am normale Betrieb setzt eise Website keng Cookies an, just am Fall vun engem onerlabten Zougrëff op de Website gi Cookies zur Ofwier agesat.

Falls ee nët wëll, dass Cookies op engem Computer gespäichert ginn, dann ass ee gebieden déi entspriechend Optioun an de System-Astellunge vu sengem Browser ze deaktivéieren. Gespäichert Cookies kënnen an de System-Astellungen vum Browser geläscht ginn.

E-Mail-Adressen

Notzer, déi automatesch iwwer nei Inhalter vum Website wëllen informéiert ginn, kënnen hir E-Mail-Adress aginn. D’E-Mail-Adress gëtt just benotzt, fir iwwer d’Aktualiséierung vum Contenu vum Website z’informéieren a, bei Bedarf, mam Notzer iwwer Mail ze kommunizéieren.

D’Email-Adress gëtt zesummen mam Datum an der Auerzäit vum Umellen lokal gespäichert.

Wann ee keng E-Mail méi wëll vum Website kréien, da kann de Notzer eng E-Mail un déi uewe genannten Adress schécken oder an enger Informatiouns-E-Mail op den Ofmell-Link klicken. D’Email-Adress gëtt dann endgülteg geläscht.

Zougrëff op Är Daten

Notzer vun dësem Website, déi hir E-Mail-Adress enregistréiert hunn, hunn d’Recht fir iwwert hir gesammelt Daten Asiicht ze kréien. Mir mussen op dëser Plaz drop hiweisen, dass méiglecherweis net alleguer d’Daten oder d’Protokolldateien ugewise kënne ginn. En Auszuch vun den Date kann iwwer Mail un déi uewe genannten E-Mail-Adress ugefrot ginn.

Notzer hunn ebenfalls d’Recht déi betreffend Daten ze kompletéieren oder ze korrigéieren.

Notzer hunn desweideren d’Recht, Awëllegungen déi si ginn hunn, ze widderruffen.

Läsche vun den Daten

Notzer vun dësem Website, déi hir E-Mail-Adress enregistréiert hunn, kënnen hire Daten (E-Mail-Adress) zu jiddfer Zäit läschen. Notzer kënnen dofir eng E-Mail un déi uewe genannten Adress schécken oder an enger Informatiouns-E-Mail op den Ofmell-Link klicken. D’Email-Adress gëtt dann endgülteg geläscht.

Mir erstelle Backups vun eisem Website, wat bedeit, dass Är Daten eng Zäit laang  an eise Backup-Systemer gespäichert sinn (normalerweis onegféier ee Mount ), och wann Dir Är E-Mail-Adress geläscht hutt. Logfile-Date kënne souguer iwwert ee längere Zäitraum gespäichert ginn, wann dat gesetzlech virgeschriwwen ass.

Zesummenaarbecht mat “Auftragsverarbeitern” an Drëtten

Wa mir Daten un aner Persounen  (“Auftragsverarbeitern oder Dritten”) weiderginn oder  Zougrëff op d‘Daten erlaaben, geschitt dat op Grond vun enger gesetzlecher Erlaabnis, well de Notzer agewëllegt huet, eng rechtlesch Verpflichtung dat virgesäit oder op Gronn vun eise berechtegten Interessen (z.B. bei Webhostern, etc.).

Abanne vun Déngschter an Inhalter vu baussen (vun Drëtter)

Mi setzen innerhalb vun eisem Website op Gronn vun eise berechtegten Interessen Inhalts- oder Serviceofferen vun Drëtten an, fir hir Inhalter a Servicer, wéi z.B. Videoen oder Schrëftarten anzebannen.

Dës setzt ëmmer viraus, dass den Drëttubidder d‘IP-Adress vun de Notzer gesäit, well hien ouni d’IP-Adress d’Inhalter net un de Browser vum Notzer sende kann. D’IP-Adress ass soumat fir d’Duerstellung vun den Inhalter erfuerderlech. Mir beméihen eis nëmme solch Inhalter ze benotzen, bei deenen den Drëttubidder d’Ip-Adress just fir d’Ausliwerung vun den Inhalter benotzt.

Drëttubidder kënnen och sou genannte Pixel-Tags (onsiichtbar Grafiken, och als « Web Beacons » bezeechnet) fir statistesch oder Marketingzwecker benotzen. Duerch « Pixel-Tags » kënnen Informatiounen, wéi de Verkéier op de Säite vum Website ausgewäert ginn. Déi pseudonym Informatioune kënnen och a Cookies um Gerät vum Notzer gespäichert ginn an ënner anerem technesch Informatioune zum Browser an zum Betriebssystem, besichte Websäiten, Besuchszäit sou ewéi weider Informatioune zur Notzung vun eisem Website enthalen wéi och mat Informatiounen aus anere Quelle verbonne ginn.

Google Fonts

Mir bannen d’Schrëftarten (« Google Fonts ») vu  Google LLC, 1600 Amphitheatre Parkway, Mountain View, CA 94043, USA, an. Dateschutzerklärung: https://www.google.com/policies/privacy/, Opt-Out: https://adssettings.google.com/authenticated.

 

Sécherheetsmoossnahmen

Mir bieden de Notzer sech reegelméisseg iwwert den Inhalt vun eiser Dateschutzerklärung z’informéieren. Mir passen eis Erklärung un, soubal dat erfuerderlech gëtt. Mir informéieren Notzer, soubal duerch eng Ännerung vun der Dateschutzerklärung eng Awëllegung erfuerderlech gëtt.

Weider Detailer

Notzer kënnen eis per E-Mail kontaktéieren, wa si der Meenung sinn, dass dës Dateschutzerklärung iergendwelch Feeler enthält, wann si mengen, dass bestëmmten Aspekter onkloer sinn oder wa si der Usiicht sinn, dass weider Informatiounen dobäigesat solle ginn. Mir maachen eist Bescht, fir all national an international Gesetzer anzehalen an en Héchtsmooss u Privatsphär a Sécherheet ze bidden – kontaktéiert eis w.e.g. per E-Mail, wa mir eppes ännere oder verbessere sollen. Merci.